Fluchhafepompjeeën
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fluchhafepompjeeë si Wierkspompjeeën, déi speziell op verschidde Virfäll an Asätz, déi op engem Fluchhafen oder a senger noer Ëmgéigend optriede kënnen, spezialiséiert sinn. Op all Fluchhafen an der Welt gëtt et Fluchhafepompjeeën, déi zu der Fluchhafeninfrastruktur gehéieren.
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Fluchhafepompjeeë gëtt et zu Lëtzebuerg um Fluchhafe Lëtzebuerg. De Corps grand-ducal d'incendie et de secours stellt a verwalt den CIS Aéroport fir d'Administration de la navigation aérienne[1][2].
Um Findel si ronn 50 Fluchhafepompjeeën. Fir e 24/24 Stonnen-Déngscht z'assuréieren, schaffe s'an 12-Stonne-Schichten, vun 8 Auer moies bis 8 Auer owes. Op all Schicht sinn op d'mannst 8 Mann, dorënner och e "Chef de service" an e "Chef de service adjoint".
Fir d'Effikassitéit bei den Asätz z'assuréieren ass de Corps an 2 Unitéiten opgedeelt:
- 1 Läschzuch géint all Zorte vu Bränn a Feier mat bis zu 5 Pompjeesgefierer, déi grouss Quantitéite Läschmëttel transportéiere kënnen.
- 1 Rettungsekipp fir sou séier wéi méiglech liicht oder schwéier verwonnt Passagéier z'evakuéieren oder aus mëssleche Situatiounen ze huelen an ze retten.
Missioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptmissioun besteet doran, bei Bränn, Fligeraccidenter an anere Virfäll, sou séier wei méiglech Hëllef ze leeschten.
Pompjeesgefierer
[änneren | Quelltext änneren]intern Nummer | Typ | Numm | Opbau | Chassis | Baujoer | Ekipement | Bild |
---|---|---|---|---|---|---|---|
FLF | - | Rosenbauer Panther 8x8 | - | 1998 | 12000 L Waasser, 1600 L Schaummëttel | ||
101 | FLF | "Cheetah" | Sides Spezialkonstruktioun 4x4 | Thomas | 2003 | 5000 L Waasser, 500 L Schaummëttel, 120 kg CO2 | |
102 | FLF | "Bagheera" | Ziegler Z8 8x8 | - | 2008 | 12500 L Waasser, 1500 L Schaummëttel, 500 kg Läschpolver | |
103 | FLF | - | Rosenbauer Panther 8x8 | - | 2015 | 16800 L Waasser, 2200 L Schaummëttel, 250 kg Läschpolver | |
104 | FLF | - | Rosenbauer Panther 8x8 | - | 2015 | 16800 L Waasser, 2200 L Schaummëttel, 250 kg Läschpolver | |
105 | FLF | Rosenbauer Panther A146 6x6 VO[3] | 2021 | 12000 L Waasser, 1600 L Schaummëttel, 250 kg Läschpolver | Video | ||
FLF (als Reserve-Gefier) | "Singah" | Rosenbauer Spezialkonstruktioun 8x8 | MAN | 1996 | 12000 L Waasser, 1600 L Schaummëttel, 500 kg Läschpolver | ||
TLF | - | Rosenbauer TLF 3000 | MAN | 2005 | |||
107 | RW | - | Ziegler RW 3 | MAN | 2012 | Kran hannen a Rettungsplattform vir | |
KDW | - | - | BMW X1 | 2011 | |||
KDW | - | - | Toyota RAV4 |
Ekipement
[änneren | Quelltext änneren]- 3 Container (Verschidde Pompjeesmaterial)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aircraft rescue and firefighting – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Historique. ana.gouvernement.lu (25.07.2018). Gekuckt de(n) 16.11.2021.
- ↑ L'Administration - Missions. ana.gouvernement.lu (02.06.2018). Gekuckt de(n) 16.11.2021.
- ↑ Nouveau fourgon pompe tonne pour le CIS Aéroport. 112.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-16.