Stanislaw Salamowitsch Tschertschessow
![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Stanislaw Salamowitsch Tschertschessow | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 2. September 1963 |
Nationalitéit | Russland |
Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
De Stanislaw Salamowitsch Tschertschessow (op Russesch: Станислав Саламович Черчесов, op Ossetesch: Черчесты Саламы фырт Станислав), gebuer den 2. September 1963 zu Alagir an Nordossetien, ass e russesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller op der Golkipp-Positioun[1][2].
Hien huet a senger Profiscarrière ënner anerem fir Spartak Moskau (1984–88, 1989–93, 1995–96, 2002–03), fir Lokomotiw Moskau (1988–89), a fir den Innsbrucker FC Tirol/FC Wacker (1996–2002) gespillt[1]. Vun 1989 bis 2000 huet den Tschertschessow aachtmol fir déi sowjetesch Foussballnationalekipp, zweemol fir d'Foussballekipp vun der Gemeinschaft vun den Onofhängege Staaten an 39-mol fir déi russesch Foussballnationalekipp gespillt[2].
Zanter dem 18. Juli 2016 ass den Tschertschessow den Haapttrainer vun der russescher Foussballnationalekipp[3].
Säi Fils Stanislaw Tschertschessow-jun. spillt och als Golkipp[4].
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Stanislaw Tschertschessow – Biller, Videoen oder Audiodateien |