Op den Inhalt sprangen

Statte (Baach)

Vu Wikipedia
Statte
Längt 6 km
Leeft an Hoëgne
Geographie
Land Belsch
Regioun Héicht Venn

D'Statte och Ruisseau de Statte ass eng Baach am Weste vum Héije Venn déi aus dem Zesummelaf vun e puer méi klenge Baachen entsteet, déi hir Quellen op enger Héicht vun tëscht 520 Meter a 600 Meter op de Lieu-diten Halinfagne a Wihonfagne hunn. Eng vun deene Baachen ass den Auslaf vun engem klenge Muer op der Haie Henquinet.

Nom Zesummelaf vun deene Bächelcher, verléisst se de Plateau vum Venn, duerch eng Griecht an där een opgekéipt Steng ka fannen, besonnesch an der Géigend vun der Cascade des Nutons déi d'Resultat vu sougenannte Steestréim sinn.

Nodeem se d'Uertschaft Solwaster passéiert huet, leeft se um Flouer Parfondsbois, op enger Héicht vun 300 Meter an d'Hoëgne. D'Baach ass ronn 5,5 Kilometer laang.