Steffen Voss

Vu Wikipedia

De Steffen Voss ass een däitsche Musekwëssenschaftler a Museker.

Hie gouf bekannt als Entdecker an Editeur vum Antonio Vivaldi senger Oper Motezuma déi laang als verschwonne gegollt huet an déi hien am Kiewer Noutenarchiv vun der Sing-Akademie zu Berlin erëmfonnt huet. Ëréischt no engem komplizéierte Rechtssträit konnt déi Oper opgefouert ginn.

De Steffen Voss ass als Barockfagottist a verschiddene Museksensemblen aktiv.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Steffen Voss: Die Partitur von Vivaldis Oper "Motezuma" (1733), in: Studi Vivaldiani 4 (2004), S. 53-73 (ISSN 1594-0012)