Stolzebuerger Planzebourse

Vu Wikipedia
D'Pëtschter Strooss bei der Planzebourse 2009

D'Stolzebuerger Planzebourse (fr. Bourse aux plantes Stolzembourg, de. Pflanzenbörse Stolzemburg) gëtt zanter 2000 all Joer den drëtte Weekend am September zu Stolzebuerg ronderëm d'Schlass an an der Pëtschter Strooss ofgehalen.

Nieft dem Verkaf vu Planzen, Gaardebicher, Accessoiren an Dekoratives fir de Gaart stinn och nach Ausstellungen, Féierungen a Kreativatelieren um Programm.

D'Planzebourse gëtt organiséiert vum Naturpark Our an Zesummenaarbecht mam Syndicat d'initiative vu Stolzebuerg an der Gemeng Pëtschent. Zanter 2000 ass d'Bourse eemol ausgefall.

Editioune vun de Planzeboursen[änneren | Quelltext änneren]

  • 10. Planzebourse: 18.-19. September 2010
  • 9. Planzebourse: 19.-20. September 2009
  • 8. Planzebourse: 20.-21. September 2008
  • 7. Planzebourse: 15.-16. September 2007
  • 6. Planzebourse: 16.-18. September 2005
  • 5. Planzebourse: 17.-19. September 2004
  • 4. Planzebourse: 20.-21. September 2003
  • 3. Planzebourse: 21.-22. September 2002
  • 2. Planzebourse: September 2001
  • 1. Planzebourse: 23.-24. September 2000

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]