TF1

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

TF1 ass e franséische Televisiounssender aus der TF1-Grupp.

E gouf als Télévision française 1 de 6. Januar 1975, als Nofollger vum éischte Programm vun der ORTF, déi opgeléist gi war, gegrënnt. Nodeems en 12 Joer laang en ëffentlech-rechtleche Sender war, gouf en de 16. Abrëll 1987 privatisiéiert. Haaptaktionär vum Groupe TF1 ass den Industrie-Grupp Bouygues.

TF1 ass dee Sender a Frankräich mat deene meeschten Nokuckerten, och wann d'Audienz an de leschte 40 Joer, wéinst der ëmmer méi grousser Konkurrenz vun anere Programmen, ëm d'Hallschecht erofgaangen ass.

TF1 gëtt digital terrestresch (TNT), iwwer Satellit, Kabel an Internet verbreet.

Och zu Lëtzebuerg ass en ze gesinn a gëtt do gär gekuckt; zesumme mam ZDF ass en, mat 11 % Audience, dee meeschtgekuckten auslännesche Sender.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Etude TNS-ILRES Plurimedia Luxembourg 2018-I: Chaîne étrangères (Top 10). Communiqué op tns-ilres.com.