Tandur

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
En Tandur, aus deem Chapati-Brout geholl gëtt
Schematesch Vue vun engem Tandur

En Tandur, op Hindi तंदूर, op Urdu ‏تندور‎, béides: Tandūr, op Tierkesch Tandır an op Englesch Tandoor, ass e spezielle Bakuewen aus der indescher Kichen, dee mat Holzkuel gehëtzt gëtt. E besteet aus engem groussen zylindresche Krou aus Leem, deen am Buedem versenkt oder mat enger Schicht aus Speis isoléiert ass. D'Holzkuel gëtt am Fong ugefaangen an den Uewe gëtt op d'mannst zwou Stonne virgehëtzt.

Am Tandur gëtt d'Fladenbrout Naan an Chapati gebak, andeems et un déi waarm Säitewänn gedréckt gëtt. Doriwwer eraus gi Fleeschstécker op Spiisser gestach an an den Uewe gestallt, soudatt se deen néidegen Ofstand zur Glous hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tandur – Biller, Videoen oder Audiodateien