Tansu Çiller

Vu Wikipedia
Tansu Çiller
Gebuer 24. Mee 1946
Istanbul
Nationalitéit Tierkei
Educatioun Yale Universitéit
Aktivitéit Ekonomist, Diplomat, Politiker, Universitéitsprofesser

D'Tansu Penbe Çiller, gebuer de 24. Mee 1946 zu Istanbul, war vun 1993 bis 1996 déi bis ewell eenzeg Fra, déi Premierminister vun der Tierkei war.

D'Tansu Çiller huet op der Yale Universitéit Ekonomie studéiert a war dono Héichschoul-Enseignante fir Ekonomie zu Istanbul. 1990 gouf si Member vun er Partei vum Riichte Wee an 1991 Wirtschaftsministesch.

Wéi am Juli 1993 de Süleyman Demirel zum Staatspresident gewielt gouf, gouf si a senger Plaz zu der Ministerpresidentin ernannt.

No enger Regierungskris, 1996 , gouf si Ausseministesch an der Regierung vum Necmettin Erbakan. Bei de Parlamentswalen 2002 huet hir Partei, mat 9,6% vun de Stëmmen, et net iméi wwer den Träppelek vun den obligatoreschen 10% an d'Parlament gepackt. Si ass doropshin als Parteipresidentin zeréckgetrueden.

Si ass mam Özer Çiller bestuet an huet zwee Kanner.