Teatro alla Scala

Vu Wikipedia
D'Scala am Januar 2007

Den Teatro alla Scala (och: Mailänner Scala) ass en Operenhaus zu Mailand, dat den 3. August 1778 opgaangen ass. Et huet den Teatro Regio Ducale zu Mailand, dee 1776 verbrannt war, ersat. D'Maria Theresia hat d'Kierch Santa Maria della Scala (1381, genannt no der Beatrice Regina della Scala, Fra vum Bernabò Visconti) fir den Neibau ofrappe gelooss, an duerch de klassizisteschen Architekt Giuseppe Piermarini dat neit Opernhaus an nëmmen 23 Méint opriichte gelooss. Bei der Première gouf dem Antonio Salieri seng Oper L'Europa riconosciuta opgefouert. D'Mailänder Scala zielt haut zu de bedeitendsten Operenhaiser op der Welt.

D'Saison fänkt all Joer de 7. Dezember, dem Namenstag vum Stadpatroun vu Mailand, dem Hl. Ambrosius (Sant'Ambrogio), un.

No dem totale Schued am Zweete Weltkrich (1943) gouf dat legendäärt Operenhaus erëm a Rekordzäit opgebaut. Den 11. Mee 1946 gouf et mat engem Concert mam Arturo Toscanini nei opgemaach.

Bedeitend Uropféierungen an der Scala[änneren | Quelltext änneren]

D'Scala bannenan

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Teatro alla Scala di Milano – Biller, Videoen oder Audiodateien