Teddybier

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Teddybiere vun der Renée Hutmacher
Karikatur vu Clifford K. Berryman
Replique vum Petzi 55 PB

En Teddybier (ofgekierzt Teddy) oder an der Kannersprooch och Petzi ass eng Miniaturreproduktioun vun engem Bier, bei deem de Kierper mat Mohair iwwerzunn ass.

Teddybiere gi gebraucht vu Kanner, déi eng Zort Popp wëlle fir léifzedrécken a vu Sammler.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

US-Legend[änneren | Quelltext änneren]

Der Legend no krut e säin Numm duerch den Theodore „Teddy“ Roosevelt, deen 1902 op enger Juegd a Mississippi keng Geleeënheet hat fir e Bier ofzeschéissen, mä just en agebonne Bierebëbee vun den anere Membere vu senger Juegdgesellschaft virun d'Flënt gesat krut. E weigert sech, dësen z'erschéissen. De Bier gouf dach nach vu sengem Juegdkamerod John M. Parker (Gouverneur vu Louisiana) mat engem Juegdmesser ëmbruecht.

Clifford K. Berryman, e Karikaturist vu Washington Post, huet dëse Virfall an engem Bild festgehalen. Well de Berryman de Bier a senge Karikature weider benotzt huet, gouf de klenge Bier séier zur Symbolfigur vum President.

Vun der Zeechnung inspiréiert, hunn de russeschen Awanderer Morris Michtom a seng Fra Rose e Bier als Dekoratioun fir an d'Vitrinne vun hirem Buttek a Brooklyn gebastelt. De Roosevelt soll hinne schrëftlech zougelooss hunn, et „Teddy's bear“ ze nennen.

Fir eng staark Demande no der Kannerspillsaach suergt de Grossist Butler Brothers. Dorop hunn d'Michtoms 1903 d'Ideal Novelty and Toy Company gegrënnt an hunn e Gelenk-Teddy kreéiert.

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Firma Steiff[änneren | Quelltext änneren]

1902 huet de Richard Steiff, den Neveu vun der däitscher Spillsaachefabrikantin Margarete Steiff, den éischte Petzi mat beweeglechen Äerm a Been entwéckelt, de 55 PB. E gouf Ufank 1903 an d'USA geschéckt, koum awer wéinst Netgefalen ouni Commande erëm zeréck op Giengen.

D'Geschicht vum Teddybier gëtt an der Welt von Steiff erzielt, engem Musée op dem Terrain vun der Firma Steiff.

De gréissten Teddy kënnt vu Sonneberg vun der Firma Martin. En huet eng Héicht vu 5,40 Meter. Och de klengste Petzi vun der Welt kënnt aus Däitschland. E moosst nëmme 5 Millimeter, mä ass trotzdeem en sou kleng ass, voll beweeglech. E gouf vun der Bettina Kaminski vu Reinfeld gebutt. Dee vun der Press gedeefte „Mini the Pooh“ ass am Musée „A World in Miniature“ zu Carlisle ze gesinn.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Och zu Lëtzebuerg gouf et tëscht 1997 an 2016 eng Hierstellerin vun Teddybieren, d'Renée Hutmacher. Si huet eng ganz Rei Präisser kritt fir hir selwer gebutte Bieren. All Bier dee se gebutt huet, ass en Unikat.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Teddybieren – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Teddybier Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cheryl Cadamuro: "Nach 19 Jahren ist Schluss." Luxemburger Wort, 3.11.2016, S.23.