Tempel vun der Hatschepsut

Vu Wikipedia

Den Tempel vun der Pharaonin Hatschepsut läit an Egypten op der westlecher Säit vum Nil, lénks vun der Haaptstrooss Richtung Deir al Bahri.

Den Doudentempel vun der Pharaonin Hatschepsut

Den Tempel besteet aus dräi Terrassestufen déi sech dem Laf vum Fiels upassen. Et huet 15 Joer gedauert fir dësen Tempel ze bauen, deen nieft dem Doudentempel vum Mentuhotep II. läit. D'Hatschepsut war selwer Baumeeschterin an et gëtt ugeholl datt de Senenmut den Architekt war.

Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.