Teti I.

Vu Wikipedia
Teti I.
Gebuer 30. Joerhonnert v. Chr.
Gestuerwen 30. Joerhonnert v. Chr.

De Pharao Teti I. (och Atoti oder Athothis I.) war vun 3000 bis 2998 v. Chr. en alegyptesche Kinnek aus der Fréidynastescher Zäit (1. Dynastie), och Thinitenzäit genannt.

Den Teti koum als Bouf vum Pharao Hor Aha op d'Welt. Nofollger ass säi Bouf Djer.

Seng Existenz ass bekannt duerch de Kinneks-Papyrus vun Turin.

Dem Kinnek Teti säi Graf konnt bis ewell net lokaliséiert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
Hor Aha
Alegyptesche Kinnek
3000 v. Chr. - 2998 v. Chr.
Nofollger:
Djer
Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.