Thüringer (Wurscht)

Vu Wikipedia
Thüringer um Grill

D'Thüringerwurscht (an Däitschland Thüringer Rostbratwurst) ass eng regional Brotwurscht-Spezialitéit aus dem däitsche Bundesland Thüringen. No der EU-Directive ass et eng op d'mannst 15 cm laang, mëttelreng Wurscht fir ze grillen an engem Naturdaarm, réi oder gebréit mat wierzegem Goût.

Zanter dem 17. Dezember 2003 ass d'Thüringer Rostbratwurst op der europäescher Lëscht fir geschützt geographesch Labelen[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Artikel op agriculture/newsdigest