Op den Inhalt sprangen

Thun

Vu Wikipedia
Thun
Land Schwäiz
Awunner 43.905
  31. Dezember 2023
Fläch 21,60 km²
Héicht 560 m
Koordinaten 46°45'32,4"N, 7°37'48,0"O
Telefonszon 033
Postcode 3600
Websäit http://www.thun.ch

D'Stad Thun (frz. Thoune) ass d' Haaptuertschaft vum Bezierk Thun, deen hiren Numm dréit a gehéiert zum Schwäizer Kanton Bern. Si läit do wou d'Aare aus dem Thunerséi leeft. Nieft dem Tourismus huet de Maschinnen- an Apparatebau, d'Liewensmëttelindustrie an d'Verlagswiesen eng wichteg wirtschaftlech Bedeitung. Thun ass och déi gréisst Garnisounsstad vun der Schwäizer Arméi.

Den historesche Stadtkär läit net direkt um Thunerséi, mä ongeféier ee Kilometer vun deem ewech un der Aare. D'Alstad besteet aus dem Schlassbierg, wou d'Schlass an d'Kierch vun der Stad stinn, an och de Bälliz läit, eng Insel an der Aare, do wou se aus dem Thunerséi kënnt. De Bälliz gehéiert zanter dem 14. Joerhonnert zur Stad. Zanter 1988 ass de Bälliz eng Fussgängerzon. Haut ass et net nëmmen déi wichtegst Akafs- a Maartgässel vun der Stad, mä och eng kulturell Insel, déi besonnesch am Summer vun Touriste staark opgesicht ass.

Commons: Thun – Biller, Videoen oder Audiodateien