Torgau

Vu Wikipedia
Torgau
Land Däitschland
Awunner 19.802 (31. Dezember 2022)
Fläch 102,81 km²
Héicht 78 m
Koordinaten 51°33'37"N, 13°0'20"O
Telefonszon 03421
Postcode 04860
Websäit http://www.torgau.eu
Jumelage mat Znojmo, Sindelfingen


Torgau ass eng Stad vu ronn 20.000 Awunner am Norde vu Sachsen. Et ass eng sougenannt Große Kreisstadt a Chef-lieu vum Landkreis Nordsachsen. Zesumme mat anere Gemengen ass et Deel vun der Verwaltungsgemeinschaft Torgau.

Torgau läit um westlechen Uwänner vun der Elbe op enger Héicht vu 85 Meter iwwer dem Mier.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Torgau gouf eng éischte Kéier schrëftlech 973 als Torgove ernimmt. 1267 ass fir d'éischt vun enger Stad Torgau rieds. 1760 war mat der Schluecht bei Torgau déi lescht grouss Schleucht vum Siwejärege Krich. 1815 gouf Torgau Deel vu Preisen.

An der Zäit vum Nationalsozialismus war Torgau 1943 bis 1945 de Sëtz vum Reichskriegsgericht; iwwer 1000 Doudesuerdeeler goufen do ausgesprach an exekutéiert.

Torgau ass awer virun allem international bekannt, well sech do, géint der Ennn vum Zweete Weltkrich, de 25. Abrëll 1945 sowjetesch an US-amerikanesch Truppe bei der Elbe getraff hunn. Dëst gouf als Elbe Day deen Dag drop gefilmt an uechter d'Welt geschéckt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Torgau – Biller, Videoen oder Audiodateien