Tour de Montfat

Vu Wikipedia

D'Tour de Monfat ass en Tuerm zu Dinant.

Den Tuerm gouf 1909 vun der Ernestine Lion (1843-1926), der Fra vum vum Eugène Henry, Banquier a Buergermeeschter vu Lisogne als Aussiichtstuerm opgeriicht. Beim Bau vum Tuerm deen net wäit vun de Reschter vun enger vun enger mëttelalterlecher Festung opgeriicht gouf, gouf eng militäresch Galerie entdeckt déi och am Mëttelalter opgeriicht gouf.

Den Tuerm ass 20 Meter héich, an 82 Träppleker féieren op d'Plattform. Den Tuerm gouf vum Entreprener Edouard Culot vu Lisogne gebaut, an d'Plattform ass 120 Meter iwwer dem Niveau vun der Meuse.

Bei Kämpf op der Meuse de 15. August 1914 gouf den Tuerm beschiedegt. No dem däitschen Iwwerfall am Mee 1940 gouf den Tuerm vun der Wehrmacht als Observatiounstuerm benotzt. De 4. September 1944 gouf e bei der Liberatioun vun Dinant vun enger amerikanescher Granat getraff.

1947 gouf den Tuerm restauréiert.

Geographesch Koordinaten: 50° 15’ 32’’ N 04° 55’ 02’’ O