Traffic Light Tree

Vu Wikipedia
Traffic Light Tree
"Traffic Light Tree" zu London

Den Traffic Light Tree ("Verkéiersluuchtebam") ass ee Konschtwierk aus dem Joer 1998, vum franséische Sculpteur Pierre Vivant. Et steet haut um Rond-Point vum Trafalgar Way zu London am moderne Quartier Canary Wharf. Ursprénglech stoung et 1,1 km weider westlech um Rond-point Westferry Circus, ass dunn awer Enn 2013 op hir haiteg Positioun geplënnert ginn. Si ersetzt do eng Platan déi op deem Rond-Point agaangen ass.

Et ass e Konschtwierk op engem ongeféier aacht Meter héijen, gréng ugestrachene Luuchtepotto mat am Ganze 75 Luuchtegruppen. No Ausso vum Kënschtler Pierre Vivant reflektéiert d'Skulptur d'Zesummespill vun de Finanzaktivitéiten an dem Verkéier zu London, déi ni zur Rou kommen, mat de Beem an der Natur ronderëm.[1]

Kaart

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Citatioun vum Pierre Vivant Gearchiveerd op 2006-06-16. Gekuckt de(n) 16. Juni 2006.