Op den Inhalt sprangen

Trent (Floss)

Vu Wikipedia
Trent
Den Trent zu Nottingham
Längt 298 km
Debit 95,0 m³/s
Fläch vum Anzuchsgebitt 15.300 km²

Den Trent ass mat enger Längt vun 297 Kilometer den drëttlängste Floss a Groussbritannien. En huet seng Quell op enger Héicht vun 275 Meter bei Biddulph Moor an der Grofschaft Staffordshire.

Den Trent leeft no Norden duerch d'Midlands, a leeft op der Héicht vun den Uertschafte Blacktoft an Alborough mat dem Ouse zesummen, fir den Humber ze bilden deen an engem groussen Estuaire, dem Mouth of Humber, bei Grimbsby an d'Nordséi leeft.

Seng wichtegst Nieweflëss sinn: Derwent, Soar an Tame. Stied laanscht de Floss si Stoke-on-Trent, Burton-upon-Trent, Nottingham an Newark.

 Commons: Trent (Floss) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]