Trip-Hop

Vu Wikipedia

Trip-Hop ass e Musekstil, dee säin Ursprong Ufank den 1990er an der Undergroundmusekszeen vu Bristol huet.

De Genre deelt de konstanten a repetitive Beat vun Downtempo (relaxer elektronescher Musek mat niddreger Intensitéit), mee ass e bësse méi komplex an der Struktur, an där vill Sampling agesat a wéi bei allen Electronica-Musekgenren och vill mat Effektapparate geschafft gëtt. Den Tempo läit bei zirka 80 BPM an d'Beater evoquéieren dacks eng verdreemten an heiansdo liicht däischter Atmosphär.

Den typeschen Trip-Hop-Sound ass staark beaflosst duerch Hip-Hop an Dub, souwéi harmoneschen a melodeschen Elementer aus der Popmusek. Eng Charakteristik ass de Gesank, dee vu weibleche Stëmmen dominéiert gëtt an vu Contemporary R&B a Soul beaflosst ass.

Den Term gouf fir d'éischt an der Zäitschrëft Mixmag an engem Artikel iwwer den DJ Shadow benotzt, mee et huet bis Mëtt den 1990er gedauert bis e sech etabléiert hat an déi ganz emergéierend Downtempo-Zeen vu Bristol mat Gruppe wéi Massive Attack a Portishead abegraff huet, déi spéider grousse kommerziellen Erfolleg a Groussbritannien haten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trip-Hop – Biller, Videoen oder Audiodateien