Tsachiagiin Elbegdordj
Ausgesinn
| Tsachiagiin Elbegdordj | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 30. Mäerz 1963 |
| Nationalitéit | Mongolei |
| Educatioun |
John F. Kennedy School of Government, University of Colorado Boulder, University of Colorado |
| Aktivitéit | Politiker, Schrëftsteller, Journalist, Ëmweltaktivist |
| Fonctioun | President vun der Mongolei, Premierminister vun der Mongolei |
| Member vun | The Elders |
| Websäit | https://www.president.mn/eng |
|
| |
Den Tsachiagiin Elbegdordj (Mongolesch Цахиагийн Элбэгдорж), gebuer den 30. Mäerz 1963 zu Zereg, Chowd-Aimag, ass e mongolesche Politiker.
Hie war vum 23. Abrëll bis den 9. Dezember 1998 an dann nees vum 20. August 2004 bis de 25. Januar 2006 Premierminister, a vum Juni 2009 bis de Juli 2017 Staatspresident vun der Mongolei. Tëscht 1990 an 2000 war den Elbegdordj dräimol an dat mongolescht Parlament ("Grousse Staats-Chural") gewielt ginn.
