Tucker '48

Vu Wikipedia
Tucker '48)
Tucker '48 vun hanne gesinn
Tucker '48 vun der Säit gesinn

Den Tucker '48 ass en Autosmodell, deen 1948 vum Preston Tucker produzéiert gouf.

Wéi ass et dozou komm?[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an den 30er-Joren huet de Preston Tucker gehollef, dem Harry Miller Rennautoen z'entwéckelen, déi zu Indianapolis munnech Coursse gewonnen hunn. Mä nom Zweete Weltkrich huet hie misse waarde bis datt e mat finanzieller Ënnerstëtzung eng Hal loune konnt, an där am Krich Dodge Fligere gebaut huet. Den Tucker, den Alex Tremulis an den J. Gordon Lippincott wollten dee beschten a modernsten Auto bauen. 1948 waren 51 Tucker '48 oder Tucker Torpedo, wéi en an der Promotiounszäit genannt gouf, gebaut.

Den '48[änneren | Quelltext änneren]

Et war fir déi Zäit e revolutionären Auto:

  • De Motor war e 6-Zylinder 5,5 Liter- Helikoptermotor vu Franklin, en H-6, dee fir Waasserkillung ëmgebaut gouf. Et war e Boxermotor mat de Ventillen uewen, 166 PS staark, mat engem Dréimoment vun 372 lbs/ft an enger Buerung vu 4.50 x 3.50 Zoll bore x stroke), an eng Kompressioun vu 7,0:1.
  • D'Längt vum Won war 5,56 Meter, d'Breet 2,02 Meter an d'Héicht 1,53 Meter. De Radstand 3,25 Meter an d'Gewiicht ëm 2100 Kilo.
  • An 10 Sekonne war en op 97 Km/h an e konnt bis zu 120 Meilen (192 km/h) an der Stonn fueren.
  • E sollt 2450 $ kaschten.
  • De Loftwidderstand war Cx 0,30.
  • Eng automatesch Boîte war virgesinn, mä an deene Modeller, déi gebaut goufen, war eng hallefautomtesch 4 Gang-Boîte mat engem Bendix-Virwielhiewel.
  • Scheiwebremse ware virgesinn.
  • Tëscht den Haaptluuchten hat en eng drëtt, déi sech mat dem Steierrad gedréit huet.
  • De Motor konnt an enger hallwer Stonn ausgebaut ginn.
  • Déi viischt Fënster war aus Sécherheetsgrënn an eng Rumm gesat, déi bei engem Accident mat der Fënster erausgefall ass.
  • D'Steierrad war gepolstert.
  • D'Carosserie hat virgefäerdegt Plazen, déi sech am Fall vun engem Knuppert béie konnten.

Fueren der nach haut?[änneren | Quelltext änneren]

Vun den 51 Ween, déi gebaut goufen, gëtt et der haut nach 47. Een ass bei engem Halebrand futti gaangen, en aneren ass verbrannt, en drëtten ass no engem Accident "verschwonnen".
Déi meescht stinn an Autosmuséeën.
Fir de Film Tucker The Man And His Dream goufen 22 original Tucker '48 benotzt.

Triviales[änneren | Quelltext änneren]

1992 gouf an enger Drogenaffär eng ongewéinlech Saisie gemaach, den Tucker '48 #1039, den 39sten vun den 51, déi 1948 gebaut goufen. Den U.S. Marshals Service huet en 1993 an den "Smithsonian's National Museum of American History" gefouert. Haut ass en am Blackhawk Museum zu Danville a Kalifornien, enger Filial vun der Smithsonian Institution, ze gesinn .

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Philip S. EGAN: Design and Destiny: The Making of the Tucker Automobile. Orange, CA, On the Mark, 1989.
  • Charles T. PEARSON: The Indomitable Tin Goose: The True Story of Preston Tucker and His Car. Minneapolis, Motorbooks International Publishers & Wholesalers, 1974.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tucker vehicles – Biller, Videoen oder Audiodateien