Tupou VI.
| Tupou VI. | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Titelen | |
|
Kinnek vu Tonga | |
| 12. Mäerz 2012 - | |
| Virgänger | George Tupou V. |
| Biographie | |
| Gebuer |
12. Juli 1959 Kinnekleche Palais |
| Bestuet mat | Nanasipau'u Tuku'aho |
| Papp | Taufaʻahau Tupou IV. |
| Mamm | Halaevalu Mataʻaho ʻAhomeʻe |
| Geschwëster | Salote Mafile'o Pilolevu Tuita, George Tupou V. |
| Kanner | Tupoutoʻa ʻUlukalala, Lātūfuipeka Tukuʻaho, Viliami Tukuʻaho |
|
| |
Den Tupou VI. (virdrun: ʻAhoʻeitu ʻUnuakiʻotonga Tukuʻaho), gebuer den 12. Juli 1959, ass zanter dem 18. Mäerz 2012 Kinnek vum Tonga. Hie gouf de 4. Juli 2015 gekréint.
Hien ass de klenge Brudder vu sengem verstuerwene Virgänger, dem George Tupou V. Säi Papp war de Kinnek Taufaʻahau Tupou IV. 1982 ass den ʻAhoʻeitu ʻUnuakiʻotonga Tukuʻaho an déi tonganesch Marinn agetrueden a gouf 1987 Korvettekapitän. Vun 1990 bis 1995 war hie Kommandant vum PPB VOEA Pangai dat zu där Zäit fir Friddensmissiounen ëm Bougainville am Asaz war. Tëscht 1988 an 1997 huet hien an den USA an an Australien Militärstrategie studéiert.
1998 huet hie mat senger militärescher Karriär opgehalen a gouf amplaz vu sengem Brudder Tupouto (dem spéidere George Tupou V.) Aussen- a Verdeedegungsminister (bis August/September 2004). Vum 3. Januar 2000 bis den 11. Februar 2006 war hien och Premierminister vum Tonga. Duerno gouf hien zum Krounprënz ernannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Tupou VI. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
