Tutanchamun

Vu Wikipedia
Tutanchamun
D'Doudemask vum Tutanchamun
Gebuertsnumm Tutankhaten
Gebuer 1341 v. Chr. jul.
Gestuerwen 1323 v. Chr. jul.
Doudesursaach Malaria
Aktivitéit Herrscher

Den Tutanchamun (och Tutenchamun; ursprénglech Tutanchaton) war e Kinnek (Pharao) aus dem Alen Egypten, vun der 18. Dynastie aus dem sougenannten Neie Räich, deen ongeféier tëscht 1332 an 1323 v. Chr. regéiert huet.

Hie gouf bekannt, wéi den Howard Carter 1922 säi Graf (KV62) am Dall vun de Kinneken entdeckt huet, dat praktesch ganz erhale bliwwe war an net virdru geplëmmt gi war.

Dem Zahi Hawass no wier hien de Jong vum Echnaton[1] Hie soll op d'mannst sechs Gesëschter oder Hallefgesëschter gehat hunn: Meritaton, Maketaton, Anchesenpaaton, Neferneferuaton, Neferneferure a Setepenre.

Hien ass mat véier Joer als Tutanchaton op den egypteschen Troun komm. Et gëtt ugeholl, datt d'Priisterschaft vu sengem jonken Alter profitéiert huet, fir d'"Revolutioun", déi den Echnaton zu hiren Ongonschten ausgeléist hat, an déi dodra bestanen huet, den Aton als Haaptgott ze veréieren, nees réckgängeg ze maachen. Den Tutanchaton huet deemno säin Numm an Tutanchamun ëmgeännert. Och déi vum Echnaton nei gegrënnt Haaptstad Achet-Aton gouf opginn an de Kinnekshaff ass op Memphis geplënnert.

Den Tutanchamoun ass jonk, mat 18 bis 20 Joer, tëscht Dezember 1324 v. Chr. a Mëtt Februar 1323 v. Chr. gestuerwen. Et gëtt ugeholl, datt en duerch en Accident gestuerwen ass; CT-Analyse vu senger mumifizéierter Läich hunn 2005 erginn, datt en d'Bee gebrach hat.

Den Eje II. gouf säin Nofollger.

Säi Graf[änneren | Quelltext änneren]

Troun aus dem Tutanchamun sengem Graf; Egyptesche Musée zu Kairo, JE 62028

Dem Howard Carter seng Entdeckung vum Graf goung 1922 ronderëm d'Welt. D'Grafkummer war voll mat Objeten, déi entweeder scho virdrun am Alldag gebraucht gi waren (Miwwelen, Gezei, Geschier, Wäin, en demontéierte Won, Fäiler a Bou fir op d'Juegd, ...), oder awer extra fir hie mat an d'Graf gi goufen.

Vill vun dësen Objeten, dorënner och d'Doudelueden, sinn aus Gold oder aus Holz, dat mat Blatgold dekoréiert ass. Déi bekanntst sinn dem Tutenchamun seng Doudemask, de gëllenen Troun, op deem e Bild ass, wéi den Tutanchamun ënner de Sonnestrale vum Amon vu senger Fra gesaleft gëtt, sou wéi eng sëllege gëlle Bijouen (Réng, Ouerréng, Brasselien, Pektoralen). An der Grafkummer goufen och zwéi mumifiziéiert Foeten, héchswarscheinlech Kanner vun him, déi ze fréi gebuer gi waren, fonnt.

Déi meescht Fondobjete ginn haut am Egyptesche Musée vu Kairo ausgestallt, respektiv zu Kairo an zu Luxor a Magasénge versuergt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jan Assmann: Tutanchamun und seine Zeit. In: Thomas Schneider , Mirco Hüneburg: MA’AT – Archäologie Ägyptens, Heft 1. Books on Demand, Norderstedt 2004, ISBN 3-8334-1357-3, S. 24–33.
  • Howard Carter, Arthur Mace: Tutenchamun. Ein ägyptisches Königsgrab. 3 Bde., Leipzig 1927.
  • Christiane Desroches-Noblecourt: Tut-Ench-Amun – Leben und Tod eines Pharao. Ullstein, Frankfurt am Main 1971, ISBN 3-548-04712-2.
  • Christine El Mahdy: Tutanchamun. Leben und Sterben des jungen Pharao. Goldmann, München 2004. ISBN 3-442-15260-7.
  • Zahi Hawass, Sandro Vannini: Tutanchamun. Frederking & Thaler, München 2007, ISBN 3-89405-711-4 (Bildband: Grab, Sarkophag, Grabbeigaben und Entdeckungsgeschichte).
  • Hermann A. Schlögl: Echnaton – Tutanchamun. Sammlung Harrassowitz, 1993, ISBN 3-447-03359-2.
  • André Wiese, Andreas Brodbeck (Hrsg.): Tutanchamun – Das goldene Jenseits. Grabschätze aus dem Tal der Könige. Kunst- und Ausstellungshalle der Bundesrepublik Deutschland, Bonn 2004, ISBN 3-905057-17-4 (Katalog vun der Ausstellung vum 4. November 2004 bis 1. Mee 2005).
  • Darrell D. Baker: The Encyclopedia of the Egyptian Pharaohs, Volume I: Predynastic to the Twentieth Dynasty (3300–1069 BC). Bannerstone Press, London 2008, ISBN 978-1-905299-37-9, S. 479–481.
  • Christiane Desroches-Noblecourt: Toutankhamon et son temps. In: Ausstellungskatalog des Petit Palais (Paris). Hrsg.: Ministère d'État des Affaires Culturelles und Ville de Paris, 1967.
  • Jacobus van Dijk, Marianne Eaton-Krauss: Tutankhamun at Memphis. In: Mitteilungen des Deutschen Archäologischen Instituts, Abteilung Kairo. 42, von Zabern, Mainz 1986, S. 35–41.
  • Marianne Eaton-Krauss: Tutankhamun at Karnak. In: Mitteilungen des Deutschen Archäologischen Instituts, Abteilung Kairo. 44, von Zabern, Mainz 1988, ISBN 3-8053-1039-0, S. 1–11.
  • Erik Hornung: The New Kingdom. In: Erik Hornung, Rolf Krauss, David A. Warburton (Hrsg.): Ancient Egyptian Chronology (= Handbook of Oriental studies. Section One. The Near and Middle East. Band 83). Brill, Leiden/Boston 2006, ISBN 978-90-04-11385-5, S. 197–217.(Online).
  • Nicholas Reeves: The Complete Tutankhamun – The King. The Tomb. The Royal Treasure. Thames & Hudson, London 2000 (Paperback), ISBN 0-500-27810-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tutanchamun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Film/Video: Der Fluch des Pharao - das geheimnis des Tutanchamun. Geschichtsdukumentation, USA 2004, 43 Minuten, HISTORY XXL, ZDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zahi Hawass 2009: King Tut was the son of Akhenaten.
Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.