Op den Inhalt sprangen

Uniform Resource Locator

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) URL)
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als Uniform Resource Locator (kuerz URL) bezeechent een eng Ënneraart vun Uniform Resource Identifieren (URIs), déi op engem Adressschema baséieren.

Well en URL déi éischt an heefegst Aart vun URI ass, ginn d'Begrëffer heefeg synonymesch benotzt. Am allgemenge Sproochgebrauch ginn URLen och als Internetadress oder Webadress bezeechent, woubäi domat (der ëmgangssproochlecher Gläichsetzung vun Internet a WWW follegend) meeschtens speziell URLen vu Websäite gemengt sinn.