Op den Inhalt sprangen

Ulrich Roski

Vu Wikipedia
Ulrich Roski
Gebuer 4. Mäerz 1944
Prüm
Gestuerwen 20. Februar 2003
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer

Den Ulrich Roski, gebuer de 4. Mäerz 1944 zu Prüm, a gestuerwen den 20. Februar 2003 zu Berlin, war en däitsche Lidder-Mécher.

Dem Ulrich Roski seng Lidder si Pärele vu lakoneschem Humor. Bei sengen ëffentlechen Optrëtter war hie meeschtens eleng; hien huet sech op der Gittar oder um Piano begleet. Bei enger Tournée ass e mat Schobert und Black opgetrueden.

Vun 2001 un, wéi de Roski no enger Operatioun wéinst Zongekriibs net méi konnt sangen, ass hie mam Duo Unsere Lieblinge, dat sinn de Stefan Noelle an den Alex Haas, opgetrueden. Mat hinnen huet hien och seng lescht CD gemaach, Ich lerne sprechen

2002 huet e seng Autobiographie erausginn, In vollen Zügen.

Laangspillplacken

[änneren | Quelltext änneren]
  • .... daß dich nicht die Schweine beißen, 1970
  • Das macht mein athletischer Körperbau, 1971
  • Erste Hilfe, 1972
  • Concerto Grosse, 1973
  • Das ist der Dank, 1975
  • 'n Abend, (live), 1975
  • Der Nächste bitte, 1977
  • Man kommt viel rum, (live), 1978
  • So hat es die Natur gewollt, 1978
  • Die Kuh muß vom Eis, 1980
  • Spinatwachteln im Schlafrock, (live), 1981
  • Rauhe Schale, weicher Keks, 1981
  • Aber bitte nicht so laut, 1982
  • Immer in der Mitte, 1984
  • Es geht auch anders - aber so geht es auch, (live), 1992
  • Es geht auch anders - aber so geht es auch, (live), 1992, Duebel-CD
  • Jahre später, 1998
  • Ein schöner Fang, 2000, Maxi-CD
  • Ich lerne sprechen, 2001
  • Rückblick, 2002
  • Schwoche sprach zu seiner Schwochen, 2005
  • Der kleine Mann von der Straße, 1974
  • In vollen Zügen - Vom Leben auf Rädern - Die Autobiographie, 2002, Eichborn