Ultimatum
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Ultimatum, (vum Latäin: ultimus = lescht), ass eng lescht Opfuerderung, déi bannent enger ugekënnegter Zäit erfëllt muss ginn, a bei där Konsequenzen ugedreet gi fir de Fall, wa se net erfëllt gëtt.
En Ultimatum gëtt bal nëmmen an der Politik benotzt, absënns bei de Krichserklärungen.
Hautdesdaags gëtt den Ultimatum als schlecht ugesinn, wann et ëm d'Bezéiungen oder Erpressunge geet, mä am Laf vun der Geschicht konnt dat dacks méi Schlëmmes verhënneren.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]- Dem sowjetesche Regierungschef Nikita Sergejewitsch Chruschtschow säin Ultimatum vun 1958 un d'USA wéinst der Berlin-Kris.
- Dem US-President John F. Kennedy säin Ultimatum un d'Sowjetunioun 1962 an der Kuba-Kris.