Université de Versailles-Saint-Quentin-en-Yvelines
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Université de Versailles-Saint-Quentin-en-Yvelines ass eng franséisch Universitéit am Departement Yvelines an der Regioun Île-de-France.
Si gouf den 22. Juli 1991 gegrënnt, andeems verschidde Beräicher vun aneren Universitéiten a Laboratoiren zesummegeluecht goufen. Dorënner waren eng Antenn vun der Fakultéit fir Droit, Ekonomie, Sproochen, Geeschtes- a Sozialwëssenschafte vun der Université Paris-Nanterre, déi 1985 gegrënnt gouf an eng Antenn vun der Université Pierre-et-Marie-Curie (1987).
Si hat 2016 e Budget vun 104 Milliounen Euro.[1] Op hire fënnef Campussen (Versailles, Saint-Quentin-en-Yvelines, Mantes-en-Yvelines, Vélizy-Villacoublay/Rambouillet) mat ronn 20.000 Studente bitt si 200 Formatiounen un. (Stand:Juni 2017)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Université de Versailles-Saint-Quentin-en-Yvelines – Biller, Videoen oder Audiodateien |