University of Sydney

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Universitéit Sydney)
University of Sydney
Typ staatlech Universitéit, Fuerschungsuniverstéit
Land Australien
Uertschaft Sydney
Schülerzuel 63.602
  2019
Gegrënnt 1850
Um Spaweck https://www.sydney.edu.au/

D'University of Sydney (informell och USyd oder USYD gekierzt) ass déi eelst Universitéit an Australien. Si gouf de 1850 zu Sydney gegrënnt. Zwéi Joer méi spéit, den 11. Oktober 1852, gouf si ageweit. Si gehéiert zur Group of Eight, deenen Universitéite mat deem beschte Ruff an Australien.

Den Haaptcampus ass zu Camperdown, engem Faubourg vu Sydney. D'Sandsteegebai am neigotesche Stil gouf vum Edmund Blacket entworf a 1862 verfaasst. De Kaf vu weidere Campusflächen an onofhängege Schoulen huet eng séier Entwécklung zanter Mëtt vum 20. Joerhonnert erméiglecht.

Fënnef Nobelpräisdréier, sechs australesch Premierministeren a 24 Riichteren um héchste Geriicht hunn op der Universitéit vu Sydney studéiert.

Fakultéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Universitéit huet 9 Fakultéiten an dräi Schoulen:[1]

  • Faculty of Arts and Social Sciences (Konscht a Sozialwëssenschaften)
  • University of Sydney Business School (Volleks- a Betribswirtschaft)
  • Faculty of Dentistry (Zännmedezin)
  • Faculty of Engineering and Information Technologies (Ingenieurswëssenschaften an Informatiounstechnologie)
  • Faculty of Health Sciences (Gesondheetswëssenschaften)
  • Sydney Medical School (Medezin)
  • Sydney Nursing School (Krankefleg)
  • Faculty of Pharmacy (Pharmakologie)
  • Faculty of Science (Wëssenschaft)
  • Sydney School of Architecture, Design and Planning (Architektur, Design a Planifikatioun)
  • Sydney Conservatorium of Music (Musek)
  • Sydney Law School (Rechtswëssenschaften)

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Universitéit Sydney – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. sydney.edu.au: Faculties and Schools (gekuckt de 14. September 2017)