Benotzer:InterluxBot

Vu Wikipedia

Ech sinn e Bot, dee sech ëm interwiki-Links këmmert.

Leider muss ech direkt entäuschen, well de Fait datt ech existéieren entbënnt och an Zukunft kee vun der Flicht, op d'mannst an eisen eegen Artikelen d'interwiki-Links selwer vun Hand dranzeschreiwen. Op der lb-wiki setzen ech nämlech just ausnamsweis deen een oder aneren interwiki-Link bäi a fir de Rescht këmmeren ech mech just ëm d'Gestioun vun de scho bestoenden interwiki-Links. Fir dës Niewenaktivitéit hunn ech de Bot-Status.

Meng Haaptaktivitéit wäert sech effektiv net op eis eegen, mee op déi aner 198 Wikien konzentréieren, wou ech, wann néideg, interwiki-Links op eis lb-wiki bäisetze wäert. Enfin, fir unzefänken envisagéieren ech emol ganz bescheiden op just 8 aner Wikien (de, en, eo, es, fr, it, nl, ru, uk) lb-Gackelcher ze leeën, an esouguer dat ass am Moment just eréischt an der alleréischter Testphase an nach net wierklech operativ.

All Froen oder Verbesserungsvirschléi kënnt der mer op meng Diskussiounssäit schreiwen oder direkt mengem Botmeeschter, dem Otets, matdeelen.