Benotzer Diskussioun:Cornischong

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Där sidd hei op der Diskussiounssäit vum Cornischong.[Quelltext änneren]

Wann der eppes um Häerz hutt, eng Reklamatioun hutt, oder eng Fro wëllt lassginn, da setzt dat ënne bäi (Ënner de Frechheeten).
Choleriker, Hysteriker, Leit mat schlechte Manéieren oder verlugenem Charakter sinn op dëser Diskussiounssäit net erwënscht.
[Quelltext änneren]

Nach e Wonsch: Zielt mer w.e.g eppes Neits. Merci[Quelltext änneren]

Merci fir d'Versteesdemech.[Quelltext änneren]








Moien,

Hal w.e.g. op mat denge provokative Kommentaren, bei de Vebesserungen, soss riskéierst de gespaart ze ginn. Les Meloures 07:05, 14. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Wou ass dann am Artikel Wäistrooss e Link op den eegenen Artikel? Les Meloures 11:51, 14. Okt. 2009
Bass de net Amstand eng Äntwert ze ginn, datt s de meng Fro läschs?

Léiwe Benotzer Les Meloures.
Ier een déck Bake mécht, an de Leit bis an hiren Hausgank noleeft, deet ee vläicht gutt drun, mol richteg ze liesen. Kee Mënsch huet behaapt, datt "am Artikel Wäistrooss e Link op den eegenen Artikel" steet. Wien deen onméigleche Kabes iwwer eng Wäistrooss, déi et an där Form iwwerhaapt net gëtt dragesat huet, léisst sech op eng einfach Manéier nokucken. Fro ee vun de siwen aktiven Administrateuren, déi paken der gär eng Hand mat un. Wann s de awer onbedéngt e Link op en eegenen Artikel wëlls gesinn, da kuck der mol den Héiweng Halwe-Saz-Artikel un, do huet e verbesserwëssereschen Tutebatti souguer e Link dragesat op "Heiweng" (!!). An dobäi stoung op där Plaz e richtege Link! De Rescht erkläert de Poe der hei drënner.
"Bass de net Amstand eng Äntwert ze ginn": Zënter mer en Anti-Stalker-Gesetz hunn, hunn ech mer ofgewinnt all Bëlles op seng Frechheeten z'ämtweren. An der Begréissung (kuck uewen) geet ausdrécklech vu Choleriker Rieds, déi hei net erwënscht sinn. Iwwregens mécht deenen hiren Tounfall e ganz schlechten Androck "no baussen". Wéi heescht et an engem typesch lëtzebuergesche Sprachwuert: "Géi dohi streide wou s de ......"
A vergiess net, den Héiwenger Link ze verbesseren. Villmools Merci am Viraus.

Moien,
Dat Héiweng gëtt verbessert.
Ech gesinn awer nach ëmmer net wat am Artikel Wäistrooss soll esou falsch sinn.Les Meloures 06:53, 15. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]
  • Leave my loneliness unbroken! -quit the bust above my door!
  • Take thy beak from out my heart, and take thy form from off my door!"
  • Quoth the Raven "Nevermore."

--Cornischong 13:34, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Wann ech "Den James Gordon Brown" an de Spellchecker vun <http://cortina.lippmann.lu/site/modules.php?name=Renderer&page=demonstrateur> eraginn, da seet hien, dat wier falsch, et miisst "De James Gordon Brown" sinn. Ech hunn awer elo op deng Bemierkung hi verstanen, datt ech den James phoneetesch muss gesinn (engl j = ± dsch). Ass dat esou? --Jamcelsus 14:21, 18. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Oppeppe vun der Lefort-Kaart. D'Original ass zwar e gudde Strapp méi blatzeg wéi d'Bild nom Traitement, mee well et e Schema ass, ass dat net esou schlëmm. Besser wéi dat, wat ech eropgelueden hunn ass et allemol. Wann ech nees eng Kéier zu Lëtzebuerg sinn, sichen ech emol méi bewosst no alen Illustratiounen/Pläng asw, wou d'Copyright ofgelaf ass. --Zinneke 10:25, 22. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Codex Sinaiticus[Quelltext änneren]

Moien. Deet mer Leed dass ech mech e bësse spéit melle, mee ech hu réicht viru kuerzem gemierkt,dass Dir eng Diskussioun iwwert dësen Artikel ugefaang hutt. Wat mäi Feeler mat dem "vollstännege Neien Testament" ubelaangt, sou hunn ech mech net um däitsche Wikipedia informéiert. Jiddefalls steet awer am Site vun der Uni-Leipzig, déi jo beim Projet Codex Sinaiticus mat bedeelegt waren, dass dat Neit Testament komplett ass. Ech ma mech mol un d'Aarbecht a kucke no, wat d'Quelle vun der Uni-Leipzig sinn. --Bernard Mazouin 20:16, 13. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend. Kee Probleem. Ech selwer si kee Spezialist op deem Terrain. --Cornischong 20:22, 13. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Fichier:Tracing paper for sketching w.jpg[Quelltext änneren]

Would you mind to upload it to wikicommons? Newone 02:34, 30. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Verdauungsapparat beim Mënsch[Quelltext änneren]

I modified this article, you can use Human_anatomy/POTD_1 for to add the missing labels for new tags for File:Digestive system diagram numbered.svg.--Jmarchn (Diskussioun) 16:56, 25. Mäe. 2016 (UTC)[äntweren]

Cary Greisch[Quelltext änneren]

Moien, op dëser Säit (https://lb.wikipedia.org/wiki/Cary_Greisch) gouf et mol eng Foto vu mir. Eech mengen, et war di hei: http://ftpmirror.your.org/pub/wikimedia/images/wikipedia/lb/4/47/Cary-Greisch--w.jpg Kënnt Dir mir vläicht soën, wou di Foto hierkënnt (wien se gemaach huet); ech géif gär de Fotograf em Erlabnis froën, fir se därfen ze benotzen. Merci am viraus, Cary Greisch

Moien, déi Foto war vum Benotzer Cornischong (dee schonn e gudde Strapp net méi hei aktiv ass) gemaach ginn a gouf leider hei ënner enger falscher Lizenz publizéiert, sou datt se huet misse geläscht ginn, an deemno net méi fir aner Publikatiounen zur Vefügung steet. --Les Meloures (Diskussioun) 09:41, 25. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Kënn der mer da vlaicht soën, wie dee Cornischong ass? per email un cgreisch@web.de w.e.g.

Et deet mer leed awer d'Anonymat muss hei garantéiert bleiwen, auuser de Benotzer huet sech selwer op enger Säit eng Kéier ëffentlech duergestallt wat hei net de Fall ass. --Les Meloures (Diskussioun) 10:01, 25. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]
PS: D'Lizenz vun der Foto huet u sech e fräie Grbrauch ausgewisen. Se war just net fräi fir kommerzielle Gebrauch. Wann dir se deemno wëllt fir eng Illustratioun, am net kommerzielle Beräich, gebrauchen dat braucht dir keng speziell Erlabnes. --Les Meloures (Diskussioun) 10:06, 25. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]