Véiert Mauer

Vu Wikipedia

Véiert Mauer nennt een déi onsiichtbar "Mauer", déi op enger Theaterbün d'Schauspiller vum Publikum trennt. D'Publikum kuckt souzesoen duerch déi "Mauer".

"Déi véiert Mauer duerbriechen" nennt een, wann d'Schauspiller (oder d'Figuren, déi se spillen) sech wärend dem Stéck (stënterlech) direkt un d'Publikum wenden, a souzesoen aus der fiktiver Distanz tëscht der gespillter Geschicht an dem Nokuckert erausklammen.

Sybil Seely

Ee vun den éischte Filmer wou déi "véiert Mauer duerchbrach" gouf, ass de Stommfilm vun 1920 One Week vum Buster Keaton: an enger Szeen am Film wäscht d'Schauspillerin Sybil Seely sech an enger Buedbidden. Wéi d'Seef hir aus der Hand op de Buedem fält, kuckt si riicht an d'Kamera, de Kameramann verstoppt d'Bild mat der eegener Hand, an d'Seely kann d'Seef oprafen ouni datt de Spectateur hire plakege Kierper gesäit.[1][2]

Am Comic[änneren | Quelltext änneren]

Och am Comic kann et zum Duerchbrieche vun der "véierter Mauer" kommen, andeems de Lieser vum Personnage direkt als Lieser ugeschwat gëtt, oder awer d'Strukturelementer (d'Casen) wuertwiertlech duerchbrach ginn. Als Beispill kann een dem Gotlib seng Rubrique-à-Brac nennen, an där en dat dacks a gär gemaach huet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://youtube.com/watch?v=iKOaBDhorqc
  2. commons:File:One Week.ogv