V-22 Osprey

Vu Wikipedia
E V-22 Osprey

De Bell Boeing V-22 Osprey ass en US-amerikanesche Militärfliger, dee fir verschidden Zorten Asätz gebraucht ka ginn, well seng Rotore gekippt kënne ginn, sou datt e wéi en Helikopter vertikal starten a lande kann, mä wéi en normale Fliger iwwer laang Strecke mat héijer Vitess fléie kann.

De V-22 gouf vu Bell Helicopter a Boeing Helicopters entwéckelt a gebaut. Den éischte Prototyp ass 1989 geflunn, e gëtt awer eréischt zanter 2007 vun der US-Marinn, an zanter 2009 vun der U.S. Air Force regulär agesat.

Zanterhir koum e bis ewell ë. a. souwuel fir Kampf- wéi och fir Rettungsflich am Irak, Afghanistan, Sudan a Libyen zum Asaz. Bis 2014 goufen eppes iwwer 200 Stéck gebaut an a Betrib geholl.