Val di Funes

Vu Wikipedia
Val di Funes
De Val di Funes/Villnößtal mat Vue op d'Geislergrupp
Geographie
Land Italien
Regioun Trentino-Südtiroul
Provënz Provënz Bolzano
Uertschaften Milleins, Pardell
San Valentino
San Pietro, Funes
Santa Maddalena
Chiusa
Morphologie
Längt 20 km
Fläch ± 50 km²
Waasserlaf Villnößer Bach
Ufank
Plaz Schmelze
Héicht 530 m
Koordinaten 46° 39’ 15.46’’ N
      11° 35’ 47.33’’ O
Héchst Plaz
Plaz Zanser Alm
Héicht 1 700 m
Koordinaten 46° 38’ 21.14’’ N
      11° 47’ 11.86’’ O


De Val di Funes, op Däitsch Villnöß(er)tal, ass e ronn 20 km laangen Dall an de Südtirouler Dolomitten.

Administrativ läit e gréisstendeels um Territoire vun der Gemeng Funes/Villnöß. Op der Nordsäit vum Dall leien d'Bierger vun der Peitlerkofelgrupp, op der Südsäit déi vun der Guppo delle Odle/Geislergruppe. Deeler vum Dall, déi méi héich leien, si wéinst dem Naturpark Puez-Geisler ënner Schutz gestallt.

De Val di Funes/Villnößtal zwackt südlech vu Brixen vum Eisackdall an ëstlecher Richtung of a gëtt vum Villnößer Bach entwässert. Flossop gëtt den Dall méi breet, well e mat interglazialem Gestengs opgefëllt ass. Et gëtt do e puer Dierfer.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Val di Funes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bildersammlung »Villnösser Tal« im Tirol Atlas des Instituts für Geographie an der Universität Innsbruck, gekuckt den 3. Mäerz 2015