Veere

Vu Wikipedia
Lokalisatioun
Lokalisatioun

Veere ass eng Gemeng an eng Stad am Südweste vun Holland, op Walcheren, an der Provënz Zeeland. D'Gemeng hat op den 1. Juli 2006 21.943 Awunner. D'Gemengenhaus steet zu Domburg.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

  • Aagtekerke
  • Biggekerke
  • Domburg
  • Gapinge
  • Grijpskerke
  • Koudekerke
  • Meliskerke
  • Oostkapelle
  • Serooskerke
  • Veere
  • Vrouwenpolder
  • Westkapelle
  • Zoutelande
D'Stadhaus vu Veere

D'Stad Veere[änneren | Quelltext änneren]

D'Stiedche Veere (1.520 Avunner (2001)) läit um Veerse Meer ("Séi vu Veere"), an ass iwwer Middelburg a Vlissingen duerch e Kanal mat der Westerschelde verbonnen. 1355 huet se hir Stadrechter kritt. Tëscht 1541 a 1799 gouf do Schottesch Woll an Europa geliwwert. Am 17. an 18. Joerhonnert war Veere dann och eng Handelsstad, wou et sech gutt liewe gelooss huet. 750 Haiser stoungen deemools bannent de Stadmaueren, am Verglach zu ronn 300 hautdesdaags.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Veere – Biller, Videoen oder Audiodateien