Ventspils International Radio Astronomy Center

Vu Wikipedia
De Radioteleskop RT-32.

De Ventspils International Radio Astronomy Center (VIRAC) ass eng Fuerschungsariichtung fir Radioastronomie zu Irbene, Lettland.

Bei der Anlag handelt et sech ëm eng fréier militäresch Ariichtung vun der Sowjetunioun. Si steet an engem fréiere militäresche Spärgebitt ronn 30 Kilometer nërdlech vun Ventspils um Baltesche Mier. Zanter dem Ofzuch vun de sowjetesche Truppen am Joer 1994 gebraucht d'Lettesch Wëssenschaftakademie d'Anlag fir Fuerschungszwecker. Dofir hunn allerdéngs ëmfangräich Reparaturen misse gemaach ginn. Villes war vun de sowjeteschen Truppe virun hirem Ofzuch zerstéiert ginn.

A senger aktuellen Konfiguratioun besteet d'Radioteleskop an der Haaptsaach aus zwou voll beweegleche Parabolantenne mat 32 resp. 16 Meter Duerchmiesser. Eng dovun zielt a Bezuch op technesch Parameter zu de preezisten an Nordeuropa.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]