Venus vu Willendorf

Vu Wikipedia

D'Venus vu Willendorf ass dee bekanntsten archeologesche Fond aus der jéngerer Alsteenzäit an Nidderéisträich.

De 7. August 1908 waren Archeologen am Gaang, bei Willendorf an der éisträicherscher Wachau Reschter vun enger alstengzäitlecher Siidlung fräizeleeën. Bobäi huet den Archeolog Josef Szombathy eng kleng Statu aus Kallekstee fonnt. Eng 11 Zentimeter héich Figur vun enger zolitter, plakeger Fra ouni Gesiicht, un den Handgelenker gezackten Aarmreefer an eng Frisur aus parallele Krauselen. Déi Figur war virdru mat enger décker Couche rouder Faarf bemolt gewiescht.

Venus I

Bekannt gouf dat Ganzt duerch en Artikel vum George Grant MacCurdy (1863-1947), engem Anthropolog vun der Yale-Universitéit, an der Zäitschrëft American Anthropologist.

Op der selwechter Plaz goufen nach zwou Statuen aus Mammutstousszänn fonnt. Eng Fraestatu vun 22,5 Zentimeter Héicht an eng mat eeförmegem Kierper vun 9 Zentimeter, déi Venus II a Venus III genannt ginn. Bei allen Dräi ginn d'Wëssenschaftler dovun aus, datt se ëm 25.000 Joer virun eiser Zäitrechnung gemaach goufen, an datt et Fruchtbarkeetsgëttinne kéinte sinn.

D'Venus vu Willendorf steet haut am Naturhistoresche Musée zu Wien.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • MacCurdy, George Grant, Some Recent Paleolithic Discoveries, in American Anthropologist, 10, 1908, Säit 643.
  • Szombathy,Josef, Die Aurignacienschichten in Löss von Willendorf, in Korrespondenzblatt der Deutschen Gesellschaft für Anthropologie, Ethnologie, und Urgeschichte, XL, 1909, Säit 85-88.
  • Angeli, Wilhelm Die Venus von Willendorf, Edition Wien Verlag, Wien, 1989.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Venus of Willendorf – Biller, Videoen oder Audiodateien