Vep'his Tqaosani

Vu Wikipedia

Vep'his Tqaosani (op Georgesch ვეფხისტყაოსანი) ass de georgeschen Nationaleepos, dee vum Šot'a Rust'aveli ëm d'Joer 1200 geschriwwe gouf.

Wiertlech iwwerdroen ass den Titel Dee mam Wepchi-Pelz oder De Ritter mam Wepchi-Pelz, woubäi Linguiste sech net doriwwer eens sinn, ob mat Wepchi en Tiger oder e Panther gemengt ass. Et ass net méi erauszefannen, wéi vill Strofen den Eepos hat, deen op Mëttelgeorgesch geschriwwe gouf, well d'Manuskripten, déi zanter dem 15. Joerhonnert erhale sinn eng Längt tëscht 1550 a 1700 Strofen hunn, déi alleguer aus véier Verse bestinn, déi deeselwechte Reim hunn.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Däitsch Editiounen, déi nach ausgeliwwert ginn[änneren | Quelltext änneren]

  • Schota Rustaweli: Der Mann im Pantherfell, iwwerdroen an Nowuert vun der Ruth Neukomm, Manesse Bibliothek der Weltliteratur, Manesse-Verlag, 2. Oplo, 1974, 495 Säiten.

Däitsch Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Schota Rustaweli: Der Ritter im Tigerfell : ein altgeorgisches Epos, 2005, eng däitsch Nodichtung vun der Marie Prittwitz, erausgi vun der Steffi Chotiwari-Jünger an Elgudsha Chintibidse, Berlin, Eegeverlag: S. Chotiwari-Jünger, LXXXVI, 236 Säiten.
  • Schota Rustaweli: Der Mann im Pantherfell : das georgische Nationaleepos, 1989, Rendsburg, Lohengrin-Verlag, 69 Säiten, illustréiert.
  • Sot'a Rust'aveli: Der Recke im Tigerfell : Altgeorgisches Poem , Däitsch Nodichtung vum Hugo Huppert. Erausgi vun der Gesellsch. f. Kulturelle Verb. d. Georgischen SSR mit d. Ausland, 1955, Rütten & Loening, (Ost)-Berlin, mat 12 Illustratioune vum Sergo Kobuladse

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vep'his Tqaosani – Biller, Videoen oder Audiodateien