Verbindung E40-E25

Vu Wikipedia

D'Verbindung E40-E25 ass eng Autobunn um Territoire vun der Stad Léck. Wann et vum Konzept hier, a wéinst dem Bau mat nëmmen zwou Piste vun 3,5 Meter, éischter eng Stadautobunn ass, sou ass et dach e wichtegt Glidd am Netz vun de wallouneschen an europäeschen Autobunnen, well duerch hire Bau dat lescht Autobunnsstéck dat op der Streck Amsterdam - Mailand gefeelt huet, realiséiert gouf.

Well se no laanscht den Zentrum vu Léck féiert, an en Uschloss un déi nei TGV's Gare sollt hunn, hunn e ganze Pak Contraintë misse mat a Kaf geholl ginn, an et hu schwiereg technesch Problemer misse geléist ginn. Fir dat knapps 4 km laangt Stéck, dat d'E25 / A26 zu Chênée mat der Penetrante A 602, an doriwwer eraus mat der E40 / A3 um Verdeeler Loncin verbënnt, hunn e ganze Koup Konschtbauten an nei Amenagementer oder Vergréisserunge misse realiséiert ginn, dovun:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Deru, Jean-Luc; E40-E25, souvenirs d'une liaison. Eng fotografesch Dokumentation vun den Aarbechten.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Bréck Sauheid bestoung schonn, hat awer nëmmen 2 Spueren.