Vermunt

Vu Wikipedia
Offloss vum Silvretta-Stauséi op d'Obervermuntwierk
Vermuntséi

D'Waasserkraaftwierker Vermunt an Obervermunt sinn zwee vun de ville Kraaftwierker vun de Vorarlberger Illwerke AG am éisträichesche Montafon.

Si leien um Enn vum Montafondall.

D' Obervermuntwierk läit op enger Héicht vu 1743 m um Vermuntséi an notzt den Héichtenënnerscheed vun 287 m tëscht dem Silvrettaséi an dem Vermuntséi aus.

  • Maximal Leeschtung 29 MW
  • Duerchschnëttsleeschtung 45 Mio. kWh

D' Vermuntwierk läit um Enn vum Montafondall zu Partenen an notzt d'Héichtendifferenz vu 713 m op de Vermuntséi aus.

  • Maximal Leeschtung 156 MW
  • Duerchschnëttsleeschtung 260 Mio. kWh

Vum Vermuntwierk aus gëtt d'Waasser iwwer Stollen an Aqueducen bis op d'Latschauwierk a vun do op d'Rodundwierk geleet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]