Vezouze

Vu Wikipedia
D'Vezouze zu Thiébauménil

D'Vezouze ass e franséische Floss am Departement Meurthe-et-Moselle.

D'Vezouze entsteet zu Cirey-sur-Vezouze aus dem Zesummefloss vun zwou Baachen dem Val an dem Châtillon déi aus zwou Griechten aus dem Westhank vum Massif du Donon kommen. Den Zesummefloss vun den zwou Baache läit op enger Héicht vu ronn 320 Meter.

Duerno leeft de Floss no Weste laanscht den Haff Haute-Seille a kuerz viru Frémonville leeft beim Bësch Les Ravenottes vu riets de Ruisseau d'Herbas dran.

Si leeft da weider op Blâmont wou vu riets d'Baach Voise draleeft an e puer honnert Meter méi wäit kënnt vu lénks d'Baach Vacon dobäi déi vu Barbas erofkënnt.

Déi nächst Uertschaft um Passage ass Domèvre-sur-Vezouze, an duerno ass se schonn am flachen Deel vun hirem Laf wou et mat ville Kréngele weider op Saint-Martin wou um Flouer Le Bout des Grands-Prés de Ruisseau des Étangs d'Albe draleeft.

Op der Héicht vun Herbévillers gëtt se vu lénks vun der Blette gefiddert, a Gläich duerno leeft och vu lénks de Ravin de Charpont dran.

Kuerz viru Frémenil kënnt vu lénks d'Verdulette a vu riets de Ruisseau de lÉtang dee seng Quell am Bois de l'Étang huet, dobäi.

Laanscht Bénaménil wou se sech souguer an hiren eegene Kréngele verschleppt, geet et laanscht Manonviller, Thiébauménil weider op Marainviller.

Do leeft vu riets de Ruisseau des Amis dran, éiert se ënner der Departementale D161 erduerch muss.

Bei Croismare deelt se sech fir eng kuerz Streck an zwee. Hei kann een Iwwerreschter vu fréiere Mäandere gesinn, déi och wann d'Baach méi héich gëtt direkt voller Waasser sinn. Do kommen och vu riets de Ruisseau de Vicaire an de Ruisseau du Bruchet dobäi.

Nodeem se ënner der Departementale D160 erduercht ass kritt se vu lénks hire leschten Niewefloss d Grande Bavoire a laanscht Chanteheux leeft se weider bis se kuerz viru Lunéville um lieu-dit Haut-Rivage si sech nach eng Kéier an zwee deelt.

Een Aarm leeft weider no Westen an den aneren dréint no Nordweste bis bei d'Uertschaft Jolivet, wou et dann no Südwesten zeréckgeet a Richtung Lunéville, an op der Héicht vum Stadion vu Lunéville erëm Uschloss un den Haaptaarm kritt. Deen Deel deen tëscht den zwéin Äerm läit, heescht dofir och Entre Deux Eaux.

Duerno muss se duerch Lunéville an am Weste vun der Stad op der Héicht vun der Departementale D31, spléckt si sech erëm eng Kéier fir just virun hirer Mëndung an d'Meurthe um Bord vum Bois de St. Anne erëm zesummen ze lafen.

D'Vezouze huet eng Längt vu ronn 75 km a si verléiert op hirem Laf 100 Meter un Héicht.