Vhils

Vu Wikipedia
Vhils
De Vhils a Portugal (2017)
Pseudonym Vhil
Gebuer 1987
Seixal
Nationalitéit Portugal


De Vhils, gebuer de 15. Februar 1987 zu Lissabon[1] als Alexandre Manuel Dias Farto,[2] ass e portugisesche Moler a Graffitikënschtler.

Hien ass zu Seixal bei Lissabon opgewuess[2] an huet sech am Alter vun 10 Joer fir d'éischt fir Graffiti intresséiert. Mat 13 Joer huet hien an der Strooss gemoolt, fir d'éischt op Maueren, duerno op Zich (sougenannten "train-bombing"), entweeder mat Frënn oder eleng.[3] Spéider ass hien och iwwer d'Grenze vu Portugal ewech aktiv gi fir Zich ze molen[2]. Ëm 2003/2004 huet de Vhils dunn och ugefaange mat aneren Technike wéi Pechbiller oder Affichen ze schaffen[1].

Eng éischt Opmierksamkeet krute seng Wierker zu Lissabon, wéinst senger Technik déi dora besteet duerch vill verschidde Schichte vu Reklammsposteren ze schneide fir sou e Gesiicht ervirzebréngen[1]. 2008 huet hie säi Konschtstudium zu London ofgeschloss. Säin Duerchbroch hat hien an der selwechter Stad, wéi hien invitéiert gouf um Cans Festival vum berüümte Graffitikënschtler Banksy auszestellen. Eng Foto vu sengem Wierk war op der Titelsäit vun der Zeitung The Times ze gesinn[1]. Dat huet et him erlaabt, a Kontakt mat grousse Galerien an England an an Italien ze kommen.

Zënterhier huet hien a ville Stied op der Welt geschafft oder ausgestallt, dorënner Moskau, New York, Los Angeles, Grottaglie, Shanghai, Bogota a Rio de Janeiro.[3] Och zu Lëtzebuerg ass an der Fräihandelszon um Findel e Wierk vun him ze gesinn[4].

2012 hat hien e Wandbild op eng Fassad zu Déifferdeng gemaach[5].

Den Numm Vhils huet keng Bedeitung, den Alexandre Farto benotzt en nëmmen, well e sech aus de Buschtawen zesummesetzt, déi hien am léifste benotzt a well den Numm séier ze schreiwen ass[1][3].

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Presentatioun op stencilrevolution.com
  2. 2,0 2,1 2,2 Presentatioun op escritoriodearte.com
  3. 3,0 3,1 3,2 The Independant (online): Vhils: The art of urban decay (28. November 2012)
  4. Vhils: Da rua para o Freeport, o armazém dos super-ricos (23. Mee 2014)
  5. New Vhils wall in Luxembourg (21. Mäerz 2012)