Viaduc vu Millau

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Viaduc de Millau)

De Viaduc vu Millau ass eng Bréck a Frankräich am Departement Aveyron. De 14. Dezember 2004 gouf se vum franséische President Jacques Chirac fir de Verkéier opgemaach. Et ass déi héchst a längst Schréiseelbréck vun der Welt.

Lag[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck läit op der A75 déi vu Paräis op Barcelona geet, op dem Deel tëscht Clermont-Ferrand a Béziers no bei der aler franséischer Stad Millau. Si geet iwwer den Tarn.

Entworf[änneren | Quelltext änneren]

D'Pläng an d'Projete fir d'Streck hunn 20 Joer gebraucht, d'technescht Konzept an den Entworf vun der Bréck si vum franséischen Ingenieur Michel Virolgeux, d'architektonesch Gestaltung ass vum engleschen Architekt Lord Norman Foster. De Bau huet am Oktober 2001 ugefaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Viaduc de Millau – Biller, Videoen oder Audiodateien