Viale Bligny (Mailand)
Längt | 800 m |
---|---|
Land | Italien |
Genannt no | Bligny |
D'Viale Bligny ass eng Geschäftsstrooss am Zentrum vun Mailand, an där ë.a. déi prestigiéis Bocconi Universitéit läit.
Si ass ronn 800 Meter laang a verbënnt d'Viale Sabotino mam Corso Italia.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Viale Bligny ass eng Strooss am Zentrum vun Mailand, an där Handel, Kultur an Ënnerhalung stattfënnt. Och auslännesch Studenten a Professere vum Bocconi SDA Masterprogramm aus der ganzer Welt wunnen do. De Quartier ronderëm d'Viale Bligny ass als e gay-friendly Quartier vu Mailand bekannt, besonnesch d'Viale Sabotino.
Si läit zu engem groussen Deel am exklusiven Bocconi Quartier.
Bemierkenswäert Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]- Palazzo Bocconi or Roentgen, Viale Bligny 1, am rationalistesche Stil designéiert vum Shelley McNamara an Yvonne Farrell (2008)
- Palazzo Bontadini, Viale Bligny 44, entworf vum Alessandro Rimini an Ernesto Bontadini (1929)
- Palazzo Soncini, Gebai-Komplex entworf vum Eugenio Soncini (1965/66)
- Palazzo Mazzucotelli, Viale Bligny 60, Stil Liberty vum Enrico Zanoni a Alessandro Mazzucotelli (1886)
- Palazzo Zanoni, Viale Bligny 27, Stil Liberty vum Enrico Zanoni a Alessandro Mazzucotelli (1888)
- Teatro Principe (Milano), Viale Bligny 52
-
Max Mara Mode-Show an der Bocconi Universitéit
-
Bocconi Universitéit an Viale Bligny
-
Bocconi Universitéit Campus
Film
[änneren | Quelltext änneren]An der Viale Bligny si vill Zeenen vum neorealistesche Film Rocco e i suoi fratelli vum Luchino Visconti mam Alain Delon a Claudia Cardinale gedréit ginn, dorënner d'Wäschereiszeen an d'Boxzeen Teatro Principe an der Viale Bligny 52.[1]
Transport
[änneren | Quelltext änneren]- Linn vum Mailänner Metro: Statioun Santa Sofia, Direktverbindung (10 min.) mam Mailänner Fluchhafen Linate
- Linn vum Mailänner Metro: Statioun Crocetta
- Linn vum Mailänner Metro: Statioun Porta Romana
- Tramshalt: Linn 9
- Bushalten: Linn 59, 90, 91, 92.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Gare Milano Università Bocconi
-
Università Bocconi
-
Gebai vun der SDA Bocconi School of Management
Linken
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ https://www.ilgiorno.it/milano/cultura/alain-delon-rocco-e-i-suoi-fratelli-hzmpebw7. Unknown parameter
|titolo=
ignored (|title=
suggested) (help); Unknown parameter|accesso=
ignored (|access-date=
suggested) (help); Unknown parameter|sito=
ignored (|website=
suggested) (help); Unknown parameter|data=
ignored (|date=
suggested) (help); Missing or empty|title=
(help)