Vitznau-Rigi-Zännradbunn

Vu Wikipedia
De Maschinist bei der Aarbecht
Op der Gare zu Vitznau
Eng vun den éischten Damplokomotiven op der Streck

D'Vitznau-Rigi-Zännradbunn ass eng Schwäizer Normalspuer-Zännradbunn, déi vu Vitznau op d'Rigi fiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Vitznau-Rigi-Bunn war déi éischt Zännradbunn an Europa.

Si gouf vum Niklaus Riggenbach gebaut, an ass den 21. Mee 1871 ageweit ginn. Fir d'éischt ass si vu Vitznau bis op Rigi-Staffelhöhe gefuer. Vun 1873 un ass si bis op Rigi Kulm (1.752 M. i. M.) verlängert ginn.

1937 ass d'Bunn elektrifizéiert ginn. D'Lokomotive gi mat 1.500 Volt Gläichstroum gedriwwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rigi-Bunnen – Biller, Videoen oder Audiodateien