Volleksglawen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Volleksglawe bezeechent den Ensembel vun deem wat eng Populatioun (e Vollek) gleeft, d. h. net datt jiddwereen aus där Populatioun alles gleeft wat de Volleksglawen ausmécht, mä gemengt sinn déi Glawensinhalter déi an där Popualtioun wäit verbreet sinn. Datt vu Populatioun geschwat gëtt weist drophin, datt Volleksglawen eng méi oder manner staark lokal Ausprägung huet. Weider hänkt säin Inhalt natierlech vun där Relioun of déi an enger Regioun majoritär ass.

Volleksglawe regroupéiert souwuel d'Volleksfrëmmegkeet wéi och den Awerglawen (par Rapport zu der Relioun aus der betraffener Géigend).