Wéi (Bett)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bettche fir kleng Kanner. Fir aner Bedeitunge vun deem Begrëff, kuckt wgl. Wéi.
Eng Wéi

Eng Wéi ass e Bett fir e Puppelchen. Meeschtens steet se op zwou ofgeronnte Schinnen oder se ass bannen engem Rumm opgehaange, fir datt een d'Kand doranner an de Schlof klunschele kann.

Et seet een och „Do huet meng Wéi gestanen“, wann ee wëll soen, datt een éierens gebuer oder opgewuess ass.