Wénkelmiesser

Vu Wikipedia

E Wénkelmiesser (och Gradmiesser genannt) ass en einfache Goniometer fir d'graphesch Bestëmmung vun engem Wénkel.

Hie besteet aus enger kreesfërmeger oder hallefkreesfërmeger Scheif mat Wénkel-Andeelungen. D'Scheif besteet aus Plastik, Bakelit, staarkem Pabeier oder Blech. Normal sinn Duerchmiessere vun 8 bis 15 cm, an Andeelunge vun 1° oder 0,5°.

Dacks si Wénkelmiesser an Zeechen- oder Geodräiecker integréiert. Méi genee Wénkelmiesser hunn eng schwenkbar Schinn mat Moossstaf (Längtenandeelung op Millimeter), déi beim gewënschte Wénkel festgestallt ka ginn.

Beim hallefkreesfërmege Gradmiesser leeft d'Millimeter-Andeelung laanscht den Duerchmiesser.

Verschidde Wénkelmiesser[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Protractors – Biller, Videoen oder Audiodateien