Władysław Sikorski

Vu Wikipedia
Portrait vum Wladyslaw Sikorski ëm 1942

De Władysław Eugeniusz Sikorski, gebuer den 20. Mee 1881 zu Tuszów Narodowy bei Mielec, a gestuerwen de 4. Juli 1943 bei Gibraltar, war e polnesche Generol a Politiker.

Hie war vu Beruff Ingenieur am Genie Civil an huet sech am Éischte Weltkrich dem sozialisteschen antirussesche Generol Józef Piłsudski ugeschloss.

An der polnescher Republik war hie vun 1921 bis 1922 Chef vum État-Major vun der polnescher Arméi. Duerno war hien 1923 Premierminister ier hien 1924-1925 Krichsminister gouf. No engem Sträit mam deemolege Krichsminister Józef Piłsudski ass hie vun 1936 bis 1939 op d'École Supérieure de Guerre a Frankräich gaangen.

Beim Ausbroch vum Zweete Weltkrich gouf hien an der polnescher Arméi net berücksichtegt an hie goung doropshin a Frankräich wou hien den 30. September 1939 zum Premierminister vun der polnescher Exilregierung ernannt gouf. Kuerz drop gouf hien och ieweschte Kommandant a Generalinspekter vun der polnescher Arméi am Exil.

Hie koum bei engem Fligeraccident deem seng Ëmstänn net alleguer ganz kloer sinn net wäit vu Gibraltar ëm d'Liewen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Władysław Sikorski – Biller, Videoen oder Audiodateien