Warren Buffett
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Warren Buffet)
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Warren Buffett | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
30. August 1930 Omaha |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun |
Columbia Business School, Wharton School, University of Pennsylvania |
| Aktivitéit | Investisseur, Entreprener, Financier, Ekonomist |
| Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
| Gielercher | Presidential Medal of Freedom |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Susan Buffett (19.4.1952–29.7.2004), Astrid Menks (30.8.2006–) |
| Papp | Howard Buffett |
| Geschwëster | Roberta Buffett Elliott |
|
| |
De Warren Edward Buffett, gebuer den 30. August 1930 zu Omaha, Nebraska, USA, ass en US-amerikaneschen Investisseur mat engem, 2016, geschate Privatverméige vu ronn 68 Mrd. US-Dollar.
Verméigen
[änneren | Quelltext änneren]E groussen Deel vu sengem Verméigen ass an där vun him opgebauter Investment-Firma Berkshire Hathaway ugeluecht.
De Philanthrop
[änneren | Quelltext änneren]De 16. Juni 2010 huet hien ugekënnegt, no an no 99 % vu sengem Räichtum u fënnef Stëftungen ze verschenken.[1] De gréissten Deel soll, der Zäitschrëft Fortune no, un d'Bill & Melinda Gates Foundation goen, e méi klengen Deel u véier Buffett-Familljestëftungen.
Zitater
[änneren | Quelltext änneren]- Den dommste Grond, eng Aktie ze kafen ass, well se klëmmt.
- Déi éischt Reegel heescht: Verléier ni Geld. Reegel zwee heescht: Vergiess ni Reegel eent.
- Eréischt wann d'Mier zeréckgeet, gesäit een, wien ouni Schwammbox an d'Waasser gaangen ass.
- Eng Aktie, déi een net bereet ass 10 Joer laang ze halen, däerf een och net zéng Minutten a sengem Besëtz hunn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Warren Buffett – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Berkshire Hathaway (engl.)
- Warren Buffett Informatiounen (engl.)
- Eng Diskussioun mam Warren Buffett a Bill a Melinda Gates
- Dem Warren Buffett seng Strategie beim Uleeën vu Geld
