Weliko Tarnowo
Weliko Tarnowo | |
---|---|
Land | Bulgarien |
Awunner | 66.943 |
15. Juni 2024; 15. Juni 2024 | |
Fläch | 30 km² |
Héicht | 220 m |
Koordinaten | 43°4'43,147"N, 25°37'41,848"O |
Telefonszon | 062 |
Postcode | 5000 |
LAU-Code | BG10447 |
Websäit | https://www.veliko-tarnovo.bg/bg/ |
Weliko Tarnowo (Bulgaresch Велико Търново) ass eng Stad a Bulgarien ait 59.166 Awunner (Stand 31. Dezember 2022). Et ass d'Prefektur vum Oblast (Arrondissement) mam selwechten Numm an de Sëtz vun der Gemeng Weliko Tarnowo.
Se läit op der Jantra, am nërdlechen Deel vun de Balkanbierger. Weliko Tarnowo war am Mëttelalter d'Haaptstad vum Zweete Bulgaresche Räich.
D'Stad ass e wichtege Verkéiersknuet op der bulgarescher Nord-Süd-Streck. Se deelt sech de Fluchhafe Gorna Orjachowiza mat der Nopeschstad Gorna Orjachowiza.
An der Stad gëtt et eng Universitéit aus dem Joer 1963 a verschidden aner Universitéiten, Héichschoulen, Theateren, Muséeën a Kulturariichtungen. Et gëtt awer och industriell Aktivitéiten (ë. a. Maschinnebau, Textilindustrie an Iesswuereproduktioun),
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Weliko Tarnowo – Biller, Videoen oder Audiodateien |